Musek NewsTaylor Swift hëlt al Placken nei op

D’Taylor Swift huet decidéiert all d’Lidder vu sengen éischte 6 Alben nei anzespillen.

Leschten Update: 22.08.2019, 14:41:24

© Robyn Beck/afp

Grond fir des ongewéinlech Decisioun ass de Sträit mam Manager Scooter Braun. Sou soll d’Taylor Swift komplett um Enn gewiescht sinn, wéi et eraus fonnt huet, dass deen de Plackelabel Big Machine kaf huet, bei deem hatt am Ufank vu senger Carrière ënner Kontrakt stoung. Domat huet de Scooter Braun di ganz Originalopnamen vum Taylor Swift sengen éischte 6 Placke kritt.

Dofir huet d’Sängerin decidéiert, d’Placke komplett nei opzehuelen. All seng Fans freet d’Sängerin, di nei an net di original Alben ze kafen.