Musek NewsBastille-Sänger séngt ee Lidd am fräie Fall

De Bastille-Sänger ass bekannt dofir, bei Concerten gäre mol am Publikum ofzedauchen. Dobäi huet hien sech elo kierzlech selwer iwwertraff.

Leschten Update: 23.08.2019, 13:11:38

Alles huet ganz onspektakulär ugefaangen. Bei engem Concert zu Stockholm huet de Bastille-Sänger decidéiert, wärend engem Lidd duerch d’Leit ze goen. Net onüblech, well et geet dobäi ëm den Titel „Flaws“- dee Song, deen den Dan Smith traditionell net op der Bühn verbréngt. Des Kéier ass hien allerdéngs net am Publikum gelant, mee an enger Attraktioun  vun engem Fräizäitpark direkt niewendrun. Op Instagram huet hien dovun e Video gepost.