Musek NewsLewis Capaldi versteet ofgelutschten Oreos fir gudden Zweck

Mat Lidder wéi „Someone you love“ hat de Lewis Capaldi an de leschte Méint grousse Succès. Elo wëllt hien och Suen fir de gudden Zweck spenden.

Leschten Update: 23.08.2019, 13:37:32

© eldo

Säin internationalen Duerchbroch hat de Lewis Capaldi mat der Single „Someone you love“, déi mëttlerweil 455 Millioune Mol gestreamt  gouf an a Groussbritannien d’Spëtzt vun den Charts erreecht huet. Hien wëllt seng Bekanntheet awer och dofir notzen, fir Reklamm ze maachen fir di karitativ Associatioun „Nordoff Robbins“.

Mee am Plaz wéi den Ed Sheeran al Kleeder ze versteeën, hat de Lewis Capaldi eng aner Iddie. Hien huet ee Pak Oreos am Supermarché kaf, all Kichelchen ofgelutscht, an dunn op ebay gesat. Nach bis den 28. August kann een eng Offer maachen. Kuerz nom Start vun der Aktioun goufe schonn 1650 britesch Pond gebueden.