Musek NewsEd Sheeran stellt d'Stad Ipswitch op d'Kopp

Mat 2 Concerten a senger Heemechtsstad Ipswitch ass fir den Ed Sheeran d'Finalle vu senger 2 Joer laanger “Divide”-Tour. Et ginn 160.000 Fans erwaart.

Leschten Update: 23.08.2019, 15:20:15

© John MACDOUGALL / AFP

A fir eng Stad mat 130.000 Awunner ass dat eng Erausfuerderung. Am Prinzip wieren d’Awunner vun der Iddi begeeschtert, dass de Museker seng Rekordtournée elo doheem ofschléisst.





Bei verschiddenen Awunner  géing d’Event , fir dat d’Stad sech an ee risege Festivalsterrain verwandelt, awer fir Irritatioune suergen.  Dozou ziele vrun allem déi Leit déi net wäit ewech vun der Concerts-Bühn wunnen. Wéi d’Zeitung „Daily Mail“ notéiert, géing et sech dobäi awer ëm een eenzegaartegen an exklusive Backstage-Beräich handelen.

Den Ed Sheeran selwer bezeechent di 2 Concerten zu Ipswitch als Highlight vu senger Tour. Seng „Divide Tour“ gëllt als kommerziell erfollegräichst Concertstournée vun allen Zäiten.