Musek NewsMetallica spenden 1,5 Millioune vun den Tour-Recetten

Bei hirer Europatournée hu Metallica net just hir Fans begeeschtert mee och Leit deenen et net gutt geet.

Leschten Update: 05.09.2019, 15:22:33

© AFP/Archiv/TASSO MARCELO

Wéi nämlech elo bekannt gouf, huet d‘Band en Deel vun de Recetten an all Stad , an där si opgetrueden ass, u karitativ Associatiounen gespent. Sou goungen beispillsweis bei hirem Concert e Sonndeg zu Mannheim 63.000 Euro un een Hëllefsprojet fir sans-Abris’en. De Frontmann James Hetfield huet senge Fans Merci gesot, dass si iwwert dee Wee indirekt gespent hunn. Am ganzen wieren bei 25 Concerten iwwer 1,5 Milliounen u lokal Hëllefsorganisatioune gespent ginn.

De Moment si Metallica fir e puer Terminer an den USA an zéien da wieder an Australien an Neiséiland.