Musek NewsNicky Minaj annoncéiert seng Pensioun

D'Nicky Minaj huet seng Fans mat engem Twitter-Message schockéiert. Wéi hatt schreift, wëllt hatt a Pensioun goen.

Leschten Update: 06.09.2019, 14:30:32

© afp/Valérie Macon

D’Nicki Minaj ass 36 Joer jonk an zielt zu deene wichtegste weibleche Rapper.

Mat Lidder ewéi „Super Bass“ oder „Anaconda“ gouf hat weltbekannt.

Nieft dem Rappen huet hat awer och an Hollywood Filmer matgespillt an huet seng eege Radiossendung.

Ma elo huet hatt op Twitter bekannt ginn, dass hat a Pensioun goe wëllt, an eng Famill mat sengem Frënd geplangt huet.

Op dëst wierklech geschéie wäert an a wéi enger Form, bleift ofzewaarden.