Musek NewsAm Haus vum Taylor Swift: een Abriecher mat gudde Manéieren

Di amerikanesch Police huet ee Mann verhaft, deen am Taylor Swift säi Weekendhaus zu Rhode Island agebrach ass. Hien hat awer gutt Manéieren.

Leschten Update: 06.09.2019, 14:36:34

© Dia Dipasupil / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Wéi d‘Police de Mann festgeholl huet, hat hien keng Schong méi un. Aus Héiflechkeet hat hien si virdrun ausgedoen, huet den Abriecher op Nofro erkläert. Et hätt een him bäibruecht, dass et sech sou gehéiert, wann een an een Haus vun enger anerer Persoun era geet.

Wéi de Policechef preziséiert, hätten d’Enquêteuren schonn e puer mol verdächteg Persounen an der Géigend vum Haus gesinn. Virdrun huet awer keen et fäerdeg bruecht, an d’Haus anzebriechen.