Musek NewsSeeed annoncéiere Feature-Gäscht op hirem Album

De 4. Oktober brénge Seeed hiren neien Album eraus. Elo hunn d’Museker een Extrait presentéiert an och d’Feature-Gäscht bekannt ginn.

Leschten Update: 09.09.2019, 11:27:22


Ee Mount virum Release huet d’Band schonn ee Virgeschmaach geliwwert op dat, wat d’Fans vum Album erwaarde kënnen. Op hirem YouTube-Kanal ass deen offiziellen Album-Snippet zu „Bam Bam“ eraus komm.



Parallel dozou hunn si och schonn d’Tracklist mat alle Feature-Gäscht presentéiert. Als Verstäerkung hu si sech Trettmann, Nuram an Deichkind an de Studio geholl.

An de leschte Wochen hu Seeed jo och schonn déi éischt zwou Singelen „Ticket“ a „Lass Sie Gehen“ eraus bruecht.

De 25. Oktober komme Seeed mam neien Album live an d’Rockhal.

Di komplett Tracklist vum Albums fannt der hei:

  1. TICKET
  2. LASS SIE GEHN
  3. G€LD
  4.  IMMER BEI DIR feat. Trettmann
  5. LASS DAS LICHT AN feat. Deichkind
  6. SIE IS GELADEN feat. Nura
  7. LOVE & COURVOISIER
  8. KOMM IN MEIN HAUS
  9. PSYCHO PIANO INTERLUDE
  10. NO MORE DRAMA (Alles Pech Verbraucht)
  11. WHAT A DAY