Musek NewsUS-Charts: Taylor Swift kroopt sech Rekord vu Billie Eilish

D’Taylor Swift huet virun zwou Wochen säin neie Album eraus bruecht- an domat elo e Rekord opgestallt.

Leschten Update: 09.09.2019, 14:14:19

© Robyn Beck/afp

Den Album „Lover“ ass net just direkt op Plaz 1 vun den amerikaneschen Albumcharts era geklommen, och all eenzelen vun den am ganzen 18 Lidder konnt sech an den Hot 100 placéieren. Domat huet d’Taylor Swift de Rekord vu senger Kollegin Billie Eilish geknackt- wat virdru mat de 14 Lidder vu sengem Debütalbum „When We All Fall Asleep, Where Do We Go?“ an den Charts war.

 

Hei sinn all d’Placéierungen vun den Taylor Swift Songs:

No. 4, "You Need to Calm Down"
No. 10, "Lover"
No. 11, "ME!," feat. Brendon Urie
No. 23, "The Man"
No. 28, "I Forgot That You Existed"
No. 29, "Cruel Summer"
No. 38, "The Archer"
No. 45, "Paper Rings"
No. 49, "Miss Americana & The Heartbreak Prince"
No. 51, "I Think He Knows"
No. 57, "Cornelia Street"
No. 62, "London Boy"
No. 63, "Soon You'll Get Better," feat. Dixie Chicks
No. 67, "Death by a Thousand Cuts"
No. 75, "Afterglow"
No. 77, "False God"
No. 89, "Daylight"
No. 92, "It's Nice to Have a Friend"