Musek NewsSuccès vun Tool mécht Taylor Swift Fans rosen

Just eng Woch war deen neien Taylor Swift Album „Lover“ un der Spëtzt vun den Charts. Elo gouf e vun enger Metal-Band vum Troun gestouss.

Leschten Update: 10.09.2019, 13:54:49

© Dia Dipasupil / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

An zwar handelt et sech em d’Wierk "Fear Inoculum" – deen éischte Studioalbum vun der Band Tool zanter 2006.  An der éischter Woch nom Release goufe méi wéi 270.000 Exemplairen vum Wierk verkaf, an dat, obwuel d‘CD just an enger spezieller Editioun vun 45 Dollar ze kréien ass.

D’Wierk huet domat den Taylor Swift Album vun der Chartsspëtzt gestouss an d’Taylor Swift Fans entspriechend rose gemaach. Di meescht Fans vun der Sängerin hunn nach ni virdrun eppes vun Tool héieren. D’Fans vun der Metal-Band dogéint feieren den onerwaarten Charts-Erfolleg géint de Popstar

Och den Tool-Sänger Maynard James Keenan huet ee Meme gepost, an wou hien als Marvel-Béisen „Thanos“ d‘Taylor Swift zerstéiert. Dobäi huet hien awer den Hashtag "Och Spaass muss sinn" gesat.