Musek NewsRihanna-Album: Releasedatum steet fest

D’Fans vum Rihanna kënne sech freeën. Nach dëst Joer bréngt d’Sängerin een neien Album eraus.

Leschten Update: 10.09.2019, 14:36:59

© GABRIEL BOUYS / AFP

Dem Rihanna säi leschten Album „Anti“  koum 2016 op de Maart an d’Fans waarden deemno schonn 3 Joer op nei Musek. Elo huet d’Waarden awer en Enn. Wéi d’Sängerin bei den Open-Session-Events vu Universal Music France ugekënnegt huet, kënnt säin neien Album am Dezember eraus.

Schonn am Juni hat d’Rihanna senge Fans matgedeelt, dass hatt am Studio géing nei Lidder ophuelen. Ee Releasedatum konnt hatt dee Moment awer nach net nennen.