Musek NewsRapper Maz spillt gratis Concert an der Villa Louvigny

Vum 21.-29. September sinn hei am Land d'Journées européennes du patrimoine. Nieft Visitten an Expoen ginn och Concerten organiséiert.

Leschten Update: 11.09.2019, 13:12:58

© eldo

Am Kader vun de "Journées européennes du patrimoine" organiséiert den Atelier 3 Concerten an der Villa Louvigny an der Stad - eng Location wou fréiere Stare wéi Serge Gainsbourg a Claude François hir Lidder opgeholl hunn.

Den Atelier huet fir d'Journées du patrimoine den Accent op lokal Artiste geluecht. Sou wäerten de Lëtzebuerger Ensemble Lucilin an de Lëtzebuerger Rapper Maz hei optrieden , grad wéi den däitsche Komponist Martin Kohlstedt.

Den Entrée ass gratis, et muss ee sech awer säin Ticket reservéieren um Internetsite vum Atelier

Lauschtert hei de Reportage