Musek NewsJ. Lo am Gespréich fir d’Super Bowl Halftime Show 2020

D’Jennifer Lopez ass bis elo nach ni an der Halftime Show vum Super Bowl opgetrueden. 2020 kéint dat awer de Fall sinn.

Leschten Update: 11.09.2019, 13:46:32

© FREDERIC J. BROWN / AFP

Verschiddenen Medieninformatioune no huet d’National Football League (NFL) d’J.Lo kontaktéiert, fir als Headliner wärend dem Super Bowl 202 opzetrieden. An engem Interview dorops ugeschwat- huet d’Sängerin des Rumeur weder confirméiert, nach dementéiert, mee just am Laache gesot: "I don't know."

Fréier Headliner beim Super Bowl waren Maroon 5, Justin Timberlake, Lady Gaga, Katy Perry a Beyoncé. Grad wéi des Staren kuckt och d’J. Lo op e sëllechen Hits an eng joerzéngtelaang Carrière zréck. Ee weideren Indice: J.-Lo huet vru kuerzem op Instagram Promotion gemaach fir di nei Saison vun der NFL.

 


De Super Bowl ass Sonndes den 2. Februar 2020