Musek NewsGreen Day: Neien Album an Tour mat Weezer a Fall Out Boy

Green Day hunn een neit Lidd eraus bruecht an dobäi een neien Album an eng grouss Welttournée ugekënnegt.

Leschten Update: 11.09.2019, 14:12:37

© eldo

 

Den Album mam Titel „Father of All Motherfuckers“ kënnt de 7. Februar 2020 eraus. Et ass den 13. Studioalbum vun der Band an den Nofolger vum Wierk „Revolution Radio“ vun 2016.

Mat enger Längt vu just 26 Minutten orientéiert sech den Trio u fréiere Klassiker wéi „Dookie“ (1994) an „Insomniac“ (1995).

Inhaltlech ass een awer an enger Post-„American Idiot“-Ära ukomm. Sou erkläert de Sänger Billie Joe Armstrong an engem offizielle Statement:

 „Et gëtt eng grouss Depressioun, mat där een duerchaus humorvoll kann ëmgoen. Mir liewen an enger total chaotescher Zäit , awer elo ass et mam Trump nach méi schlëmm ginn. Den Album probéiert ze reflektéieren, wat lass ass. An et geet wierklech net dorëm, politesch Lidder  ze schreiwen, mee just dorëms, Saachen ze beschreiwen, déi een all Dag gesäit.

Och eng Tour hu Green Day fir  2020 geplangt. Dat hu Green Day op  YouTube a Form vun enger „Anchorman“-Hommage ugekënnegt, an där si ausserdeem verroden hunn, dass si bei der „Hella Mega Tour“ vun den zwou Alternative Rockbands Weezer a Fall Out Boy begleet ginn.




Green Day live – hei sinn d'Europaterminer:

  • 27.05. – Helsinki, FI @ Suvilhati
  • 29.05. – Stockholm, SE @ Tele2 Arena
  • 31.05. – Alesund, NO @ Colorline Stadium
  • 03.06. – Berlin, DE @ Wuhlheide (mat Weezer)
  • 10.06. – Mailand, IT @ Ippodromo San Siro (mat Weezer)
  • 13.06. – Paris, FR @ Paris La Defense Arena (mat Weezer a Fall Out Boy)
  • 14.06. – Groningen, NL @ Stadspark (mat Weezer a Fall Out Boy)
  • 17.06. – Antwerpen, BE @ Sportpaleis (mat Weezer a Fall Out Boy)
  • 21.06. – Wien, AT @ Ernst-Happel Stadion (mat Weezer a Fall Out Boy)