Musek NewsDéiereschutzaktiviste géint d'Taylor Swift

Taylor Swift gëtt vun Déiereschutzaktivisten ugefeint.

Leschten Update: 13.09.2019, 15:09:12

© AFP/Archiv/Valerie MACON

 

Virun e puer Deeg huet d’Taylor Swift bekannt ginn, dass hatt géing am November zu Melbourne an Australien, um bekannte Melbourne Cup optrieden. Well et sech beim Melbourne Cup em eng Päerdscourse handelt, gëtt d’Sängerin elo vun Déierenaktivisten kritiséiert.

6 Päerd sinn an deene leschte 6 Joer bei dëser Competitioun em d’Liewe komm.

D’Déiereschützer soten, dass d’Taylor Swift, Suen iwwert d’Wuel vun den Déiere géif stellen. Dëst obwuel hat sech als grousse Kazen- an och allgemeng Déierefrënd bezeechent.

Eng australesch Journalistin huet an der Zeitung "Guardian" een oppene Bréif un d’Taylor Swift publizéiert, an deem gefuerdert gëtt dass d’Sängerin den Optrëtt zu Melbourne ofseet.

D’Taylor Swift huet nach net op dës Kritiken oder den oppene Bréif reagéiert.