Musek NewsSou strukturéiert ass dem Eminem säin Aarbechtsdag

Wee mengt dass den Eminem owes an nuets am kreatiivsten ass, deen huet sech getäuscht. 

Leschten Update: 13.09.2019, 14:28:02

© Pierre Andrieu/afp

Den Eminem huet schonn 10 Alben eraus bruecht an doraus e sëllechen Hits gelant, Lidder wéi „Stan“ featuring Dido, „Lose yourself“ oder „Love the way you lie“ featuring Rihanna.  An all des Hits huet den Eminem awer net iergendwann an der Nuecht geschriwwen, mee hie war matten am Dag kreativ.

Dat op mannst behaapt den Akon an engem Interview wou hien seet, dass den Eminem ee ganz strukturéierten Aarbechtsalldag huet a fir keen eng Ausnam mécht. Dat hätt hien wärend hirer Zesummenaarbecht um Stéck „Smack that“ gemierkt. All moies wier den Eminem Punkt 9h am Studio opgedaucht, fir um 13h eng Mëttespaus ze maachen an um 17h nees heem ze goen.  Dat hätt den Akon net erwaart. Um éischten Dag wier hien nämlech um 18h am Studio ukomm an huet gemengt, dass si  géingen eng spéit Session aleeën. Awer do krut den Akon gesot, dass den Eminem schonn nees doheem wier. Hien géing deen Dag dono erëm kommen. Moies um 9h.





Wéi den Eminem erkläert, wier seng Musek fir hien ee richtegen Job. Hie wéilt net ze vill gestresst ginn, hien géing net méi laang bleiwen wéi hie muss. Hien hätt eng Famill an eng Duechter a wéilt hinnen Zäit schenken.