Musek NewsFanta 4 denken och no 30 Joer net un d'Ophalen

Och no 30 Joer Hip-Hop-Karriär denken déi däitsch Museker net un d'Ophalen. "Wat solle mir och soss maachen?", esou de Michi Beck.

Leschten Update: 15.09.2019, 10:21:24

© JOHN MACDOUGALL / AFP

Fanta 4 denken och no 30 Joer Musekskarriär net un d'Ophalen. Och aus engem Manktem u realistesche Alternativen, esou de Michi Beck: "Wat solle mir och soss maachen? Dat ass eise Beruff, eis Bestëmmung, eist Liewen". Musek wier dat, "wat mir am allerbeschte kënnen", esou de Sänger géigeniwwer däitsche Medien. 

Eegenen Aussoen no wéilten d'Muséker weidermaachen, bis et net méi geet. Hir Motto wier "Fanta vier forever", esou den Thomas D. Et misst een awer déi biologesch Grenzen akzeptéieren: "Statistesch gesi, wäert iergendwann ee vun eis stierwen - an zu dräi kënne mir net méi déi Fantastischen Vier sinn".