Musek NewsGéint Ofdreiwungsgesetz: Billie Eilish spent Concertsgage

D‘Billie Eilish ass net just erfollegräich, mee wëllt mat senge Suen eppes Guddes maachen.

Leschten Update: 16.09.2019, 14:46:35

© Scott Dudelson / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Een Deel vu senger Gage déi hatt fir säin Optrëtt um „Music Midtown Festival“ verdéngt huet, wäert d’Sängerin un d‘Organisatioun "Planned Parenthood Southeast" spenden. D’Billie Eislih wëllt domat op dat ëmstriddent Ofdreiwungsgesetz vum US-Staat Georgia opmierksam maachen. All Mënsch sollt d’Kontroll iwwert säi Kierper, säi Liewen a seng Zukunft hunn, erkläert d’Sängerin. Zesumme mat anere Stare wéi John Legend, Miley Cyrus an Ariana Grande fuerdert d’Billie Eilish dass Ofdreiwungen an alle Bundesstaaten legaliséiert ginn.