Musek NewsLiam Gallagher Hochzäit: och de Brudder Noel gëtt agelueden

De Liam Gallagher huet ugekënnegt, dass hie sech d’nächst Joer mat senger Frëndin Debbie Gwyther bestit -an hie wëllt och säi Brudder Noel invitéieren.

Leschten Update: 16.09.2019, 14:52:09

© JOSE JORDAN / AFP

Et ass schonn déi 3. Kéier, dass de Liam virun den Altor trëtt. Virdru war hie scho mat der Schauspillerin Paty Kensit an mat der All-Saints-Sängerin Nicole Appleton bestuet. De Museker ass awer optimistesch, dass et dës Kéier di richteg Decisioun ass. 

Souguer säi Brudder Noel, iwwert deen hie soss näischt Positives ze soen weess, wëllt hien op d’Hochzäit invitéieren. Dass den Noel a seng Fra tatsächlech bei senger Hochzäit opdauchen, hält de Liam zwar fir onwahrscheinlech, awer et kéint een ni wëssen, seet hien. Di 2 wiere sech schliisslech och soss fir näischt ze schuet!