Musek NewsLewis Capaldi lant éischten US Top-10 Hit

A senger britescher Heemecht war de Lewis Capaldi wochelaang un der Charts-Spëtzt, elo huet de Sänger endlech och den Duerchbroch an den USA gepackt.

Leschten Update: 17.09.2019, 15:01:36

Dem Lewis Capaldi seng Single „Someone you Loved” ass op Plaz 9 vun de Billboard Charts geklommen. Et ass domat deen éischten Top-10 Hit vum Sänger an den amerikaneschen Charts.

Den Timing kéint net besser sinn. Muer fänkt am Texas dem Lewis Capaldi seng Tour duerch Amerika un.

Schonn am Mäerz war „Someone you loved“ op der Pole Position vun de UK Charts, et huet deemno 6 Méint gedauert bis d’Single et och an di amerikanesch Charts gepackt huet.