Musek NewsMat Make Up fillt d'Lady Gaga sech als Superheldin

Nodeems scho Staren wéi Rihanna an Jennifer Lopez erfollegräich hir eege Kosmetik-Linn lancéiert hunn, ass elo och d’Lady Gaga an der Beauty-Branche aktiv

Leschten Update: 17.09.2019, 14:27:04

© AFP/Anne-Christine POUJOULAT

Ënnert dem Numm “Haus Laboratories” huet d’Lady Gaga seng eege Kosmetik-Linn op de Maart bruecht a wëllt mat senge Produiten d’Welt veränneren. “Ech hu mech ni schéi gefillt, an op munchen Deeg maachen ech dat haut ëmmer nach net. All déi Onsécherheet, mat där ech mäi Liewe laang gekämpft hunn, well ech fréier gemobbt gouf - déi kënnt nees héich a frësst mech op. Dann droen ech Make-up op, a scho fillen ech des Superheldin a mir. Dat gëtt mer Flilleken”, seet hatt an der Oktobereditioun vum “Allure”-Magasinn.

Säin neie Frënd, den Tountechniker Dan Horton, wäert dem Lady Gaga elo sécher d‘Gefill ginn, dass hatt schéin ass och ouni Make-up.