Musek NewsTaylor Swift gëtt emotional - wéinst enger Banann!

D‘Taylor Swift war no enger Operatioun esou am Dusel, dass hat wéinst enger Banann bal ugefaang huet mat kräischen.

Leschten Update: 04.10.2019, 15:22:59

© ANGELA WEISS / AFP

D’Sängerin hat viru kuerzem eng Aen-Operatioun. Wéi dat no enger OP eben esou ass, huet och d’Taylor Swift d’Auswierkunge vun der Narkos nach eng Zäitche gespuert.

Beim Ubléck vun 2 Banannen ass hat op eemol ganz sentimental ginn, an zwar well hat net wousst wat dann elo mat der 2. Banann, déi hat net giess huet, geschéie géif.

D’Mamm vun der Sängerin huet sech d’Chance net entgoe gelooss an déi witzeg Situatioun op Video festgehalen. Den Jimmy Fallon huet him deen einfach live a senger Show fir déi éischte Kéier gewisen.