Musek NewsTätowéierer verléiert Clientë wéinst Ed Sheeran

Den Ed Sheeran ass en Tattoo-Freak. Iwwert seng Motiver léisst sech awer diskutéieren. Den Tätowéierer verléiert souguer Clienten dowéinst.

Leschten Update: 04.10.2019, 15:06:47

© Oli SCARFF / AFP

Den Ed Sheeran huet iwwer 60 Tattooen, verdeelt iwwer de ganze Kierper. Déi meescht dovu si kleng Billercher. Professionell gesinn déi jiddwerfalls net aus. Iwwerraschend ass, dass de Mann deen dofir verantwortlech ass, dat och esou gesäit. 

De Kevin Paul, Stamm-Tätowéierer vum britesche Singer-Songwriter, géif et awer genau esou op d’Haut bréngen, wéi den Ed Sheeran dat gären hätt. Sou ënner anerem en Tattoo vum "Pingu" aus der bekannter Sendung fir Kanner, well de Sänger dat mat senger Kandheet verbënnt.

Den Tätowéierer hätt seng ganz Clientèle verluer, de Ruff hätt drënner gelidden. Him wieren awer ganz nei Dieren opgaangen, elo zitt säi Studio reegelméisseg Prominenz un.