Musek NewsNeien Album vum Lauv huet e Release-Datum

Den US-amerikanesche Museker "Lauv" huet mat "How I'm Feeling" en neien Album an de Startlächer.

Leschten Update: 04.10.2019, 15:22:44

© Screenshot YouTube

Zanter dem Mega-Erfolleg vum Lauv senger Single ''I Like Me Better'' wollten d'Fans onbedéngt, dass de Sänger endlech e ganzen Album eraus bréngt. Elo ass dann offiziell den Datum eraus wéini dëse soll released ginn. De 6. Mäerz 2020 soll en op de Marché kommen.

De Museker seet selwer dass hie scho laang un dësem Album géing schaffen an et géing dorëms goen, dass een eng Perséinlechkeet soll acceptéieren esou wéi se ass. Am Album symboliséiert de Lauv verschidde Facette vu sech mat Hëllef vu Faarwen. Giel ass z.B. de positive Lauv, blo ass den hoffnungslos romantesche Lauv. "How I'm Feeling'" ass déi éischt Kéier, dass hien all déi Aspekter, déi hien zu deem maache wat hien ass, kombinéiert.