Musek NewsJustin Bieber wéinst senge Kazen an der Kritik

Den Justin Bieber gëtt vun Déiereschützer kritiséiert, well hie sech zwou „Savanna-Kaze“ kaf huet.

Leschten Update: 07.10.2019, 14:16:02

© ROBYN BECK / AFP

Fir de stolze Präis vu ronn 32.000€ hunn den Justin Bieber an seng Fra Hailey sech zwou exotesch Kazen, e Mix aus Wëll- an Hauskaz, ugeschaaft.

D’Déiereschutzorganisatioun „PETA“ huet dem Ex-Teenie-Star doropshi virgeheit, de Bieber géif doduerch déi geféierlech Nofro no Hybrid-Kaze verstäerken. Hie géif dozou bäidroen, dass Joer fir Joer Milliounen Déiere stierwen, well net genuch Leit si adoptéieren.

De 25-Järegen huet dat awer net op sech sëtze gelooss, op Instagram huet hie geäntwert: „Këmmert iech em dee ganze Plastik am Ozean a loosst meng schéi Kazen a Rou."

Déi "schéi Kazen" mat de schéinen Nimm "Sushi" an «"Tuna"  hu souguer eng eegen Instagram-Säit.

View this post on Instagram

Kitty slap in the face

A post shared by Justin (@kittysushiandtuna) on