Musek NewsLilly Allen bezilt Fans fir Reklamm ze maachen

D’Lilly Allen bitt senge Fans Suen, wa si Reklamm fir säin neie Song maachen.

Leschten Update: 07.10.2019, 15:34:54

© NIKLAS HALLE'N / AFP

Déi 34-järeg britesch Sängerin huet säi Song „Sweet Like Chocolate“ frësch dobaussen. Anscheinend krut dat awer nach net jidderee mat. Dowéinst hëlleft hat elo no.

A senger Instagram-Story “dreet” hat senge Fans, hat géif dee Song esou laang a senge sozialen Netzwierker uspillen, bis si e selwer kafen oder streamen, an der Hoffnung, dass dann d’Reklammen ophalen.

„Ech bezuele meng Influencer-Frënn, fir dass si nach méi Reklamme maachen“ heescht et weider. Wie selwer Sue verdénge wëll soll der Sängerin einfach seng PayPal-Donnéeë schécken.

Kléngt verzweiwelt mee ob déi Propose esou eescht gemengt ass, däerf ee bezweifelen.