Musek NewsJustin Bieber kënnegt neien Album fir 2019 un

Am Joer 2015 war dem Justin Bieber säi bis ewell leschten Album eraus komm. No senger musikalescher Paus ass hien nach 2019 mat engem neien Album zeréck!

Leschten Update: 08.10.2019, 16:32:06

© Screenshot YouTube

Den Justin Bieber huet ugekënnegt, dass deen neien Album nach Enn 2019 eraus komme wäert. De Museker huet dat an engem Instagram-Live-Video op deem e mat Roller-Blades duerch d'Haus düüst, offiziell matgedeelt

Och wann de Bieber scho säit 4 Joer kee Longplayer méi verëffentlecht huet, war hien awer nach vun Zäit zu Zäit ze héieren, esou z.B. am Song ''I Don't Care'' zesumme mam Ed Sheeran.

De leschten Album deen de Kënschtler erausbruecht hat war ''Purpose''. Jiddereen dee sech d'Wierk mol ugelauschtert huet, deen huet wahrscheinlech héich Erwaardungen un den Justin. Deen hat d‘Laat deemools mat Lidder wéi ënner anerem ''What Do You Mean'', ''Sorry'' oder ''Love Yourself'' relativ héich geluecht.