Musek NewsKarriär vum Mark Ronson gëtt verfilmt

De Mark Ronson kritt Enn der Woch säin eegenen Documentaire op YouTube.

Leschten Update: 08.10.2019, 16:33:05

© VALERIE MACON / AFP

An engem neien Trailer fir den Documentaire „How To Be: Mark Ronson” kritt ee schonn e puer Abléck.

Logescherweis geet et em seng Karriär als Sänger, Songwriter an Producer. Sou wärten exklusiv Opname gewise ginn, wéi z.B. d’Produktioun u senger Hit-Single „Late Night Feelings“, mee och wéi de Ronson zesumme mam Lady Gaga a Bradley Cooper u „Shallow“, dem emotionalen Song aus dem Film „A Star is Born“ schafft. D’Lady Gaga selwer beschreift de Ronson als ee vun de gréisste Museker iwwerhaapt.

Den Documentaire leeft den 12. Oktober op Youtube.