Musek NewsRihanna bréngt "visuell" Autobiografie eraus

D'Sängerin bréngt Enn Oktober eng Autobiografie op de Marché, déi säi Liewe op iwwer 1000 Fotoen erzielt.

Leschten Update: 08.10.2019, 16:55:06

© GABRIEL BOUYS / AFP

Et ass keng normal Autobiografie, déi Enn des Mounts erauskomme wäert. Amplaz wéi vill Kënschtler virun him iwwert säi Liewen ze schreiwen, geet et beim Rihanna sengem Wierk nom Motto: E Bild seet méi wéi 1000 Wierder.

Op 504 Säite weist d'Pop-Sängerin eis op iwwer 1000 Fotoen, wéi hat zu deem Mënsch ginn ass, deen et ass. An natierlech zu enger vun deenen erfollegräichste Musekerinnen iwwerhaapt. Méi intim Biller wiesselen sech an der Autobiografie mat Fotoe vun Optrëtter of.

De 24. Oktober kënnt d'Buch mam Titel "Rihanna" op de Maart.