Musek NewsRobbie Williams a säi Meedche mat Duett

De Robbie Williams léisst säi Meedchen op sengem neien Album matsangen. Dem Rescht vun der Famill feelt et dofir awer u musikaleschem Talent...

Leschten Update: 09.10.2019, 16:46:43

© JOHN MACDOUGALL / AFP

De Robbie Williams bréngt deemnächst dee passenden Album zur Chrëschtdagszäit eraus. An dat mat „besonnesche Gäscht“ wéi hie selwer verroden huet.

Elo ass de 45-Järege méi konkret ginn. Gemengt ass ënner anerem seng 7-järeg Duechter Theodora Rose Williams, kuerz „Teddy“.

„Firwat dann net direkt déi ganz Famill?“, huet dem Robbie seng Fra Ayda Field hie bei engem Instagram-Live-Video gefrot. Seng frech Äntwert: „Well d’Teddy dat eenzegt an der Famill ass, dat sange kann.“