Musek NewsNeie Coldplay-Album am November

Coldplay bréngen deen éischten Album zanter 4 Joer eraus. Direkt nom Release geet et fir di britesch Band op Tour.

Leschten Update: 09.10.2019, 16:13:55

© NISHANT JHAMB / AFP

Schonn nächste Mount, also am November, soll de 7. Studioalbum vun der britescher Pop-Rock-Band erauskommen.

Zanter 2015, do war mat „A Head Full Of Dreams“ hiere leschte Long Player erauskomm, ass vill Zäit vergaange fir nei Lidder opzehuelen. Ma och fir sech auszeprobéieren! Sou soll den neien Album déi experimentell Säit vun der Band ëm de Frontsänger Chris Martin weisen. Am Album soll et gréisstendeels em dem Martin seng perséinlech Erfarunge goen.

D’Fans gi souguer duebel verwinnt, nom Release gi Coldplay nees op Tour. Dat awer net virun 2020.