Musek NewsFatboy Slim feat. Greta Thunberg

"Right here, right now" esou d'Wierder vum Greta Thunberg virun der UNO. A gläichzäiteg e Kult-Lidd vum Fatboy Slim. D'Resultat: E coole Remix!

Leschten Update: 09.10.2019, 16:02:25

© LEON NEAL / AFP

Dem Greta Thunberg seng Ried iwwert de Klimaschutz virun der UNO huet weltwäit fir Reaktioune gesuergt. Och an der Musekswelt. No der "Death-Metal"-Versioun gëtt et elo och eng vum Fatboy Slim. An dat passt, schliisslech misst hie fir säi Kult-Lidd "Right Here, Right Now" aus dem Joer 1999 ze "remixen" keen eenzegt Wuert änneren.