Musek News"Fanta 4" kënnegen Zousaz-Shows un

Déi Fans, déi keng Tickete fir d'Tour vun de "Fantastischen Vier" kruten, kënne sech freeën. Et kommen nämlech 3 zousätzlech Optrëtter dobäi!

Leschten Update: 10.10.2019, 15:13:26

© Fanta 4 / JOHN MACDOUGALL / AFP

Op Instagram hunn d'"Fanta 4" hir Fans virwëtzeg gemaach. De Virverkaf fir hier 30. Anniversaire-Tour, déi nächst Joer lass geet, war no nëmmen e puer Deeg komplett ausverkaaft. Fir Fans déi keng Tickete konnte kréien ass dat natierlech keng gutt Noriicht. D'Fantas hunn awer eng Léisung parat. Fir de Fans entgéint ze kommen hunn d'Museker kuerzer Hand iwwer Instagram annoncéiert dass si 3 Zousaz-Shows dropleeën. Déi Concerte wäerten zu München, Hamburg a Stuttgart iwwert d'Bühn goen.