Musek NewsGIMS kënnt zeréck op Lëtzebuerg

2020 feiert de franséiche Rapper "GIMS" säin 10. Jubiläum. Dat feiert hien ënner anerem zu Lëtzebuerg, wou hien nächst Joer optriede wäert.

Leschten Update: 10.10.2019, 15:19:49

© Screenshot YouTube

Wéi kéint een e Jubiläum besser feiere wéi mat enger Tour an engem neien Album. De Museker start am Joer 2020 seng ''DECENNIE Tour''. An deem Kader schafft hien och schonn un engem neien Album.

Op senger Tour spillt de Sänger ganzer 12 Concerten, dovun 10 a Frankräich, 1 an der Belsch an een hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal.

Mat senge bekannte Songs wéi "La Même" oder "Sapé comme jamais" kann ee freides den 20. Mäerz 2020 zesumme mam Rapper 10 Joer „GIMS“ feieren.
Tickete ginn et um Site vun der Rockhal.