Musek NewsDofir ass d'Rihanna net beim Super Bowl opgetrueden

D’Rihanna huet elo erkläert firwat hat net an der "Halftime-Show" vum Super Bowl am Februar opgetrueden ass.

Leschten Update: 10.10.2019, 15:57:30

© VALERY HACHE / AFP

9 mol huet d’Rihanna schonn e Grammy gewonnen, beim Super Bowl ass hat awer nach ni opgetrueden. Obwuel hat gefrot gouf. Dat aus Solidaritéit mam Ex-Quarterback Colin Kaerpernick.

De Kaepernick hat sech 2016 géint d’Ënnerdréckung vu Schwaarzen agesat. Wärend déi amerikanesch Nationalhymne virum Match gelaf ass, hat hie sech op de Buedem geknéit, fir en Zeechen ze setzen. Zanter deem huet hie kee Veräin an der amerikanescher Football-Liga fonnt.

D’Rihanna konnt ënner dësen Ëmstänn net fir eng Hallefzäit-Show wärend dem Super Bowl zousoen, wéi hat elo sot.