Musek NewsRobbie Williams an Helene Fischer mat gemeinsamem Song!

Eng Kollaboratioun, déi een iergendwéi net fir méiglech gehalen huet: De Robbie Williams an d'Helene Fischer bréngen e gemeinsamt Chrëschtdagslidd eraus...

Leschten Update: 17.10.2019, 16:23:40

© MICHAEL KAPPELER / DPA / AFP

Dat gëtt e Fest! Den Häerzensbriecher Robbie Williams schafft aktuell mam däitsche Schlager-Star Helene Fischer zesummen un engem Chrëschtdags-Song.

Den Ex-Sänger vun Take That hat schonn ugekënnegt, dass nieft senger Duechter och nach weider Special Guests op sengem neien Album, mam Numm "The Christmas Album" sange wäerten.

Hien och scho verroden, wéi ee Lidd de Brit an déi däitsch Sängerin sangen: "Santa Baby" aus dem Joer 1953, dat scho vu ville Kënschtler gecovert gouf. An elo och vun deenen 2 en neie Schlëff kritt.

Wéi et zu der onerwaarter Zesummenaarbecht komm ass? D'Helene an de Robbie si schonn zanter méi wéi 10 Joer gutt Frënn! "Hat huet wahnsinneg vill Talent", esou de 45-Järegen.

Den Album kënnt natierlech rechtzäiteg fir d'Chrëschtdags-Saison eraus.