Musek NewsMusek-Déngscht retuschéiert Fraen aus Album-Coveren eraus

E Streaming-Déngscht am Iran huet all Album-Cover vu weibleche Kënschtlerinnen zenséiert...

Leschten Update: 17.10.2019, 17:10:34

© TASSO MARCELO / AFP

„Melovaz“ heescht den iranesche Musek-Streaming-Déngscht, deen alles wat weiblech oder net heterosexuell ass, aus den Album- a Single-Coveren ewech retuschéiert huet. Egal ob d’Billie Eilish, d’Katy Perry oder d’Lady Gaga, bekannt oder manner berühmt: Vu Fraen ass um ganze Site keng Spur.

Dat skurrilt dobäi: Op eemol gesäit een einfach en Hutt deen an der Loft schwieft oder Stiwwelen, déi just do stinn. Just d’Musekerinne selwer si verschwonnen.