Musek NewsDie Toten Hosen: nei Single, neien Album an nees op Tour

D'Museker aus Düsseldorf hunn es nach laang net genuch a si nees mat neiem Material ënnerwee.

Leschten Update: 18.10.2019, 15:57:58

© Screenshot YouTube

2020 gi se nees op Tour an dat mat hirem neien Album ''Alles ohne Strom'', deen de 25. Oktober eraus kënnt. Den Numm ass allerdéngs net zoufälleg ausgewielt ginn. Am Album sinn nämlech nëmmen akustesch Lidder vun hinnen ze héieren.

Dat ass awer net déi eenzeg News a Punkto Toten Hosen. Si hunn nämlech och eng ganz nei Single eraus bruecht an zwar ''Feiern im Regen''.





An och an deem Song ass et net déi elektresch mee déi akustesch Gittar déi ee gutt eraus héiert. Dat Lidd wäert een dann och op der Tour 2020 ze héiere kréien.