Musek News'"Harleys in Hawaii" ass déi nei Single vum Katy Perry

No de Songs "Never Really Over" a "Small Talk" mellt d'Sängerin sech mat engem neie Lidd zeréck. Inspiréiert huet et sech un engem ganz privaten Erliefnis.

Leschten Update: 18.10.2019, 15:57:24

© Screenshot YouTube

Eng Musekerin déi och reegelméisseg vu sech héiere léisst, ass d'Katy Perry. Den neie Song deen d'Sängerin presentéiert ass ''Harleys in Hawaii''. Et ass déi drëtt Single aus dem Katy sengem 6. Album, deen allerdéngs nach kee Release Datum an och nach keen Numm huet.

De Song ass e bësse summerlech ugehaucht. D'Iddi fir de Song, ass der Sängerin nämlech komm, wéi et mat sengem Verloobten, dem Orlando Bloom, zu Hawaii mat enger Harley ënnerwee war. De klenge Road-Trip ass wärend den Dréiaarbechten vun ''American Idol'' entstanen.





Ugekënnegt huet d'Sängerin säi Song op Twitter, wou et dann och gläichzäiteg de Cover vun der Single ëffentlech gemaach huet.