Musek NewsLady Gaga fält mat Fan vun der Bühn

Zu Las Vegas leeft alles e bësse méi hektesch of. D'Lady Gaga ass bei sengem leschte Concert zesumme mat engem Fan vun der Bühn gefall.

Leschten Update: 21.10.2019, 18:49:11

© JACK TAYLOR / AFP

D'Lady Gaga ass bei enger Show zu Las Vegas vun der Bühn gefall an dobäi ellen op der Hand gelant. Elo huet hat Entwarnung ginn, et ass nach alles ganz.

Elo ass d'Sängerin jo net dat éischt, dat vun der Bühn gefall ass. Speziell un dësem Fall: Dee Moment war grad e Fan op der Bühn fir mat ze performen.


De Mann hat d'Lady Gaga grad op den Aarm geholl, wéi déi zwee kuerz duerno an d'Publikum gefall sinn.

D'Sängerin konnt awer weider maachen an huet mëttlerweil och Entwarnung ginn: Alles okay!