Musek NewsColdplay schéckt Bréiwer u Fans - mat Release-Datum!

Coldplay-Fans kruten e mysteriéise Bréif vun der Band heem geschéckt. Wat dra steet: De Release-Datum vun hiren nächsten 2 Alben!

Leschten Update: 21.10.2019, 18:40:17

© TORU YAMANAKA / AFP

Nodeems op der ganzer Welt iwwer Nuecht Poustere vu Coldplay opgedaucht waren, gi si elo den nächste Marketing-Schrëtt. Vereenzelt Fans kruten e mysteriéise Bréif heemgeschéckt, an deem Coldplay hire bis ewell experimentellsten Album méi oder wéineger offiziell ukënnegen.

Domat steet och fest: Déi zwee Albe gehéieren zesummen, komme béid den 22. November eraus an heesche „Sunrise“ a „Sunset“. An de nächste Woche wäert d’Band eis sécherlech nach mat weideren Detailer bei Laun halen.