Musek NewsLiam Payne kënnegt Debüt-Album un

Mat der Boy Band “One Direction” weltbekannt ginn, mëttlerweil awer als Solo-Kënschtler ënnerwee. De Liam Payne huet elo säin Debüt-Album ugekënnegt.

Leschten Update: 21.10.2019, 18:41:17

© YouTube Screenshot

Ouni groussen Tamtam huet de Liam Payne senge Fans déi gutt Nouvelle iwwer Social Media iwwerbruecht. Nach dëst Joer kënnt den éischten Album vum Liam Payne no senger "One Direction"-Zäit eraus, an zwar de 6. Dezember.

Och de Numm steet scho fest: LP1. Also dem Liam Payne säin éischte Long Player. Dorop fënnt sech natierlech och „Stack it Up“ erëm, un deem den Ed Sheeran matgeschriwwen huet.