Musek NewsKaty Perry wéinst Halloween-Foto verklot

D’Katy Perry feiert wéi vill aner Promie gären Halloween. Dat kéint d’Sängerin awer elo eng deier ginn.

Leschten Update: 04.11.2019, 17:05:47

© TASSO MARCELO / AFP

D’Katy Perry ass op 150.000 US-Dollar verklot ginn an zwar net well hat Halloween gefeiert huet mee well hat e Bild bei Instagram gepost huet, wéi hat virun 3 Joer als Hillary Clinton verkleet gefeiert huet.


A well och Stare sech un d’Copyright-Reegelen hale mussen, d’Foto awer vun engem Paparazzo an net vum Katy selwer war, kéint et elo deier ginn. Och d’Ariana Grande an den Justin Bieber si scho mol dowéinst verklot ginn.