Musek NewsKanye West brécht Rekord an zitt mat Eminem gläich

D’Amerikaner feieren dem Kanye West säin neien Album "Jesus is King". De Kanye huet elo e Rekord vu sengem Rapper-Kolleg Eminem agestallt.

Leschten Update: 04.11.2019, 16:51:49

© JUSTIN TALLIS / AFP

Souwuel d’Rap-Legend wéi och de Kanye West hunn eppes Erstaunleches hikrut: Hier 9 lescht Alben hunn et direkt vun der 0 op déi éischte Plaz an de Billboard 200 Albums Charts gepackt. Bis op dem West säin Debüt-Album „The College Dropout“ am Joer 2004, ass hien zanter 2005 näischt aneres méi gewinnt wéi Plaz 1. Mee och dem Eminem seng "Streak" ass nach aktiv, et geet also wuel an déi nächst Ronn.