Musek NewsDéi éischt Acts fir de Summerjam sti fest!

En Dënschdeg goufen déi éischt Kënschtler fir de Summerjam-Festival zu Köln verëffentlecht. Ënner anerem mat dobäi: Fettes Brot an Gentleman.

Leschten Update: 05.11.2019, 15:57:14

© YouTube Screenshot

Déi 35. Editioun vum Summerjam zu Köln versprécht op en Neits eng gutt ze ginn! Et sinn zwar nach 8 Méint bis et de Weekend vum 3. Juli lassgeet, et kann ee sech awer elo schonn op grouss Acts aus der ganzer Welt freeën: Déi éischt Kënschtler fir de Summerjam 2020 sti fest!

Déi bekanntsten Nimm sinn "Fettes Brot", "Gentleman" an "Trettmann". Mee och de "Patrice" an d'"Juju", dat mat "Vermissen" och um Eldo en Hit gelant hat, sinn dobäi.


Tickete ginn et hei ze kafen.

Hei de ganze Line-Up: