Musek NewsDoubel ze realistesch: Tina Turner verklot Show

Aktuell leeft an Däitschland eng "Tina Turner"-Show. D'Sängerin huet den Organisateur awer verklot, säin Doubel géif him ze vill gläichen.

Leschten Update: 05.11.2019, 15:04:56

© YouTube Screenshot

Déi mëttlerweil 69-järeg Sängerin huet sech net begeeschtert iwwert déi als Hommage geduechte Show gewisen. D’Plakater, mat deenen e bayreschen Organisateur Reklamm mécht kéinten e falschen Androck vermëttelen.

D’Landesgeriicht zu Köln huet dem Tina Turner Recht ginn: Et kéint ee mengen, dass d‘“Original“ op der Bühn stoe géif, an ebe keen Doubel. D’Plakater bleiwen zwar hänken, mee awer mat engem kloren Hiweis, dass net dat richtegt Tina Turner optrëtt.