Musek NewsKee verstuerwene Promi verdéngt méi wéi de Michael Jackson

2009 ass de "King of Pop" gestuerwen. Dat heescht awer net, dass d'Mark "Michael Jackson" näischt méi abréngt. Am Géigendeel!

Leschten Update: 06.11.2019, 15:12:38

© CARL DE SOUZA / AFP

Fir déi 7. Kéier noenee steet de „King of Pop” op der 1. Plaz vun der Forbes-Lëscht, wat d’Akommes vun doudege Stars ugeet. 60 Milliounen US-Dollar waren et 2019.

Obwuel an de leschte Méint eng kontrovers Diskussioun iwwert de Michael Jackson gefouert gouf, dat wéinst de Mëssbrauchs-Virwërf an der Doku „Leaving Neverland”, sinn och seng Lidder méi dacks gestreamt gi wéi am Joer virdrun.

Op Plaz 2, mat 39 Milliounen Dollar, steet den Elvis Presley.

Hei fannt dir déi ganz Lëscht!