Musek NewsJonas Brothers hu Chrëschtdags-Single erausbruecht

Chrëschtdag kënnt mat grousse Schrëtter op eis zou. An domat och déi passend Musek. Och d’Jonas Brothers hunn un enger Chrëschtdags-Single gebastelt!

Leschten Update: 10.11.2019, 16:20:22

© YouTube Screenshot

Nieft der traditioneller Fest-Stëmmung vum Michael Bublé an dem Mariah Carey, läit dëst Joer och e spezielle Chrëschtdags-Song vun den Jonas Brothers ënnert dem Chrëschtbeemchen.

D'Lidd ass dëse Freideg erauskomm an nennt sech "Like It’s Christmas".

A Stëmmung sinn déi 3 definitiv elo schonn: Op hirem Account op Instagram gesäit ee si dräi mat Kleeserchers-Mutzen.