Musek NewsNeien Album vum Harry Styles

Den 13. Dezember kënnt de Solo-Album vum Harry Styles op de Marché. Elo huet deen souwuel en Numm, wéi och e Cover krut.

Leschten Update: 07.11.2019, 16:47:09

© FRANCOIS LO PRESTI / AFP

De 27 Joer jonken Ex-"One Direction"-Sänger Harry Styles huet ugekënnegt, dass säin neit Wierk den Titel "Fine Line" soll droen. Dat huet hien op senger Instagram-Säit ugekënnegt, zesumme mam Cover vum Album.

View this post on Instagram

FINE LINE . THE ALBUM . DEC 13

A post shared by @ harrystyles on


De Release-Datum suergt awer fir Diskussioune bei de Fans. Den 13. Dezember ass nämlech de Gebuertsdatum vu senger Ex-Frëndin, dem Taylor Swift. D'Leit spekuléieren, dass den Harry zesumme mam Taylor kooperéiert huet an si zesummen e Song opgeholl hunn.

No senger Zäit bei "One Direction" hat de Sänger am Mee 2017 schonn eng Kéier e Solo-Album eraus bruecht. Den 11. Oktober dëst Joer huet den Harry dann och scho mat "Lights Up" eng éischt Single-Auskopplung vum neien Album virgestallt.