Musek NewsKult-Strëmp vum King of Pop ënnert dem Hummer

Wat géift dir iech mat 2 Milliounen Dollar kafen? Eventuell jo benotzte Strëmp vum King of Pop...

Leschten Update: 07.11.2019, 17:26:37

© ANNA ZIEMINSKI / AFP

Richteg gelies, et gëtt erwaart dass déi legendär Glitzer-Strëmp, déi de Michael Jackson unhat, wou hien de Moonwalk, déi éischte Kéier live bei engem Concert 1983 gewisen huet, fir bis zu 2 Milliounen US-Dollar iwwert den Dësch wäerte goen.

Fir säi Geld kritt een awer och nach e Bréif, dee vum King of Pop perséinlech ënnerschriwwen ass, an deem den "MJ" sech bei sengem deemolege Manager fir d’Ënnerstëtzung bei där Tour bedankt huet.